€26,90 EUR
| /
Eist handgemaachtt Rhyolith-Regenwaldsteen- a Peridot-Armband ass eng staark Kombinatioun aus natierlechen Edelsteen, déi fir Rou a Kraaft stinn!
Dëst Armband gouf mat vill Leift zum Detail vun eis hiergestallt, mat virsiichteg ausgewielten, eegte Edelsteenperlen mat facettéierte Schlëff. Duerch dës Schleiftechnick blénken d'Steener bei all Beweegung a ginn dem Armband eng ganz besonnesch Ausstralung.
De Regenwaldsteen ass bekannt fir seng regeneréierend an harmoniséierend Wierkung. En gëtt an der Stengheilkonscht bei Infekter souwéi Gripp a Keelt agesat.
Vum Peridot seet een, datt en bei Stress an Hektik entspanend wierke kann.
Fir déi richteg Armbandlängt erauszesichen an Fehlkeef ze vermeiden, moosst Äre Handgelenksomfang wahlweis mat engem Moosband, engem Pabeiersträif oder enger Schnouer, Beispill um Produktbild.
Dëst Edelsteen-Armband ass en handgemaacht Eenzelexemplar a gëtt an 4 mm Kugelgréisst ugebueden. Et ass op elasteschem Gummi opgezunn. Sollt Dir eng aner Längt brauchen, da mellt Iech gär bei eis, Spezialanfertigungen si méiglech! De Knuet vum Armband ass hannert enger eegter, mat Rhodium beschichteter Sëlwerkugel verstopppt.
Hiwäis
All Informatiounen zu de Wierkunge vun de Heilsteener baséieren op gängege Quellen aus der Stengheilkonscht. Bei schwéiere Krankheete sicht wgl. eng Doktesch oder en Dokter op. Steinwelten iwwerhëlt keng Haftung fir de falschëge Ëmgang mat Edelsteener.
Et handelt sech ëm geschloff natierlech Mineralien a Rohsteener a Form vu Braceletten oder Ketten. Dës si geduecht als Bijou- a Dekoratiounsgegestänn.
Den Artikel ass geschloff a poléiert, duerch eroffalen oder brieche kënne bei méiglecherweis entstane schaarfe Kanten Verletzungsgefor bestoen. Ausserhalb vun der Reechwäit vu Kanner an Déieren ophalen. Sollten Klengdeeler ofbriechen, bzw. bei gerassene Ketten a Braceletten, kann Verschléckungsgefor bestoen. Sollten vill kleng Perlen op de Buedem falen, besteet d’Gefor fir auszegleeën. Sollt e Bracelet rassen, sammelt w.e.g. direkt all Perlen op.
Den Objet kënnt entweder ganz metallfräi oder mat héichwäertege Sëlwerdeeler bzw. Deeler aus Sëlwer
vergëlt bei Iech un. Mir benotzen nëmmen Sëlwer a vergëlt Sëlwer, bei Unhänger och héichwäertegen Edelstahl, fir eng héich Hautverträglechkeet ze erreechen. Sollt Dir entgéint der Erwaardung un enger Sëlwerallergie leiden oder eng Hautreaktioun bemierken, huelt de Bijou direkt of.
Botzen a Fleeg:
Sanft Botzen, passt w.e.g. drop op, dass d’Artikele méiglecherweis zerbriechlech sinn an duerch ze grob Botzen Schied huele kënnen. Botzen mat Waasser ass ganz gutt méiglech, ausser et gëtt an der jeeweileger Produktbeschreiwung dovun ofgeroden.
Späichert Äre Bijou net an direkter Sonneliicht, fir engem Ausbléie vun den Objeten
virzebeugen. D’alldags üblecht Droen op sonnege Deeg ass kee Problem.
Späichere bei staarke Wärmequellen wéi Kamäiner oder Kachplacken gëtt net recommandéiert, well d’Objete staark Schied dovu kënne kréien.
Händler-/Hierstellerangaben:
Steinwelten OG
Stuppacher Strooss 44
A-2640 Gloggnitz
steine@steinwelten.at
Responsabel Persoun: DI Nina Nutz
Die Druse ist großartig! Genauso schön und strahlend wie auf den Fotos dargestellt ist die Druse beeindruckend. Die Abwicklung der Bestellung und Lieferung war erfreulich unkompliziert und kundenfreundlich.
Sehr netter und hilfeicher Kontakt, schneller Versand, sehr gut verpackte Ware, die wie abgebildet ist. Gerne wieder.
Super Team, sehr professionell und schnelle Lieferung!
Ich war sehr beeindruckt von der liebevollen Verpackung und hab schon wieder neu bestellt.
Alles super, vielen lieben Dank!
Very beautiful, high-quality stone.
Super Service
Tolles Produkt, wunderschön
Alles OK
Satisfied
Satisfied
Sehr schönes Armband!
Ich bin super zufrieden mit der Qualität! Gerne wieder🙏🏻
alles einfach und problemlos, schnelle lieferung
toll